Konzertmeister Sites

Schierener Musek

Information
Mitglieder
85
Gründungsjahr
1947
Beschreibung
D’Schierener Musek, am Joër 1947 gegrënnt, besteet haut niewt senge Memberen aus dem Verwaltungsrot, sengen inaktive Memberen a senger Jugendmusek, aus ronn 55 aktive Musikanten am groussen Ensemble, déi sech all Freidegowend vun 19h30 bis 21h30 zesummefannen, fir den aktuelle Programm ënnert der Leedung vun hierem Dirigent Roland Schiltz anzeprouwen.

De Repertoire ass ofwiesslungsräich, mol klassesch Transcriptiounen an original Blosmusek fir eise Galaconcert, deen all Joer am Januar zu Schieren presentéiert gëtt, mol gemittlech a méi gefälleg fir d’Summersaison.

D’Schierener Musek encadréiert déi offiziell Manifestatiounen an der Gemeng Schieren, wéi d’Eischt-Mee-Feier, den Hämmelsmarsch, de Virowend vu Nationalfeierdag oder och nach de Commémoratiounsdag.

Nieft deene Manifestatiounen organiséiert d’Schierener Musek Evenementer wéi d‘Summerfest, de Kannerfuesbal oder mol speziell Owenter wéi e Cabaret a spillt iwwert d'Saison verdeelt Concert'en op Invitatioun vun anere Musiksveräiner oder Organisateure vu Fester uechtert d'Land.

Dat Gesellschaftlecht kënnt am Veräin nie ze kuerz. Op dat no der Prouf beim Patt ass, op gemeinsame Sortien oder bei Ausflich mat de Memberen, déi op nationalem oder och op internationalem Plang organiséiert ginn.
Social Media
Kontakt
secretariat@schierener-musek.lu
Impressum der Musikgruppe
Schierener Musek
23b, rue de la gare
9122 Schieren
LUX